Éimaischen an der
Alstad 2025

3 Péckvillercher fir déi dësjähreg Éimaischen

Fir déi desjähreg Éimaischen hu mir 3 flott a schéin Péckvillercher fir iech. Mir proposéieren als éischt onsen Péckvillche CA’25 an den tradionellen Faarwen vum Comité Alstad orange a blo.

De Péckvillchen CA’25 ass an den Atelierën vun der Ligue HMC op der Cap an sinn nëmmen 120 Stéick gemach ginn. De Péckvillchen CA’25 kascht 28,00 €.

Bestellen kann een de Péckvillerchen CA‘25 bis zum 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Viermiek „Péckvillchen CA’25“.

An och dëst Joer bidde mit iech e flotten Péckvillchen un den zu Gonschten vum Télévie verkaf gëtt.

Och dëse Péckvillchen, 120 Stéick, gouf op der Cap vun der Ligue HMC hiergestallt a kascht 35,00 €

Bestellen kann een de Péckvillerchen Télévie‘25 bis zum 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Viermiek „Péckvillchen Télévie’25“.

De Péckvillchen « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » gouf entworf vun der Madame Sandra Pereira no enger Zeechnung vum Michel Engels a réaliséiert an hierem Atelier Xanna Faia Ceramics zu Useldeng. Vun dësem Péckvillchen ginn et just 120 Stéick. De Péckvillchen kascht 40,00 €.

Bestellen kann een de Péckvillen « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » bis zum 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Viermiek „Péckvillchen Patrimoine Mondial“.

All Péckvillchen ass numérotéiert an huet en Zertifikat vun der Madame Sandra Pereira ënnerschriwwen.

Ofhuelen kann en seng bestallten Péckvillercher Ouschterméindeg, den 21. Abrëll 2025 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer nett kann op d’Éimaischen kommen, de kann seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, den 22. Abrëll bis Freides, den 25. Abrëll 2025.

Skip to content